Harmonie Eilereng |
 |
| Déi jonk Eilerenger Musek gouf 1985 gegrënnt an zielt haut iwer 100 aktiv Membren. Nierft der grousser Harmonie ëmfaasst de Veräin eng Strëpp an en Jugendorchester d'Eilerenger Harmoniechen genannt. Eng intern Jugendkommissioun këmmert sech exklusiv em de musekalesche Nowues vum Veräin. Op de Säite vun eisem Internetsite fannt Dir all Informatiounen iwert a ronderem d'Eilerenger Musek an hier Aktivitéiten.
|
Datum: 08/03/2009 vum Webmaster |
Duerfkiirmes |
 |
|
Datum: 18/10/2008 vum Webmaster |
Mär brauchen Är Hëllef !
Am Joer 2010 feiert eis Musek hieren 25ten Gebuertsdag. Bei dëser Geleegenheet welle mär gären e Bild- an Toundokument a Form vun enger DVD erausbrengen. Zu dësem Zweck sammele mär all Dokumenter aus dëser Zäit, di matt eisem Veräin ze din hun oder a Relatioun mam Duerf Eilereng sin.
Stellt eis dës Saache w.e.g. zur Verfügung, et gëtt alles suergfälteg kopéiert, an duerno kritt Där all Dokumenter erem am initialen Zoustand zeréck. Mär sichen also Fotoen, Filmer, Tounopnahmen, Zeitungsartikelen asw.
Wann Där eis wëllt hellefen, da mellt Iech einfach beim Responsablen vun dësem Projet, eisem Éireprésident, dem Gert Biver, an zwar op den Telefonsnummeren 556775 oder 691452863.
Am Viraus soe mär elo schonns "Villmols Merci"!
|
|